Léich an enger Camionette: Police publizéiert Foto vum Affer
RTL - 20.07.2012, 11:02 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.07.2012, 15:49
An der Enquête rondrëm déi männlech Léich, déi e Sonndeg op der A13 an enger Camionnette fonnt gouf, sicht d'Police elo no Informatiounen iwwert d'Affer.

D'Police konnt dann och schonn e puer Deplacementer vun deenen zwee Gefierer en cause - der ofgestallter Camionnette an engem donkelen Audi 80, alle béid mat franséisch Plaquen - retracéieren.
D'Camionnette soll de 14. Juli um 23.30 Auer fir d'lescht zu Knuttange a Frankräich, no bei der Lëtzebuerger Grenz, gesi gi sinn. Zwou Stonne méi spéit wor se dann op der A13 zu Käl a Richtung Péiteng ënnerwee.
Ëm déi selwecht Auerzäit ass engem Automobilist den Audi 80 mat ale franséische Plaquen op der A4 a Richtung Esch opgefall, an zwar op der Héicht vun der Shell-Statioun zu Steebrécken. Den Auto war ganz schnell ënnerwee an hat bal en Accident mat engem wäisse VW Golf 5 provozéiert.

Béid Autoen sinn dunn op der Plaz, wou d'Camionnette verlooss gouf, also hannert dem Éilerenger Tunnel, gesi ginn. Fir d'lescht gouf dunn no 1.30 Auer um fréie Sonndegmoien dee schwaarzen Audi gesinn, wéi e via Käerjeng (Bascharage) a Richtung Frankräich gefuer ass.

D'Police wëll dann elo wëssen, ob iergendeen d'Camionnette tëscht Knuttange a sengem Opdauchen zu Käl bemierkt huet.
Och soll sech de Chauffer vum wäisse Golf 5 bei der Police mellen, respektiv aner Leit, déi deen Ament op der A4 zirkuléiert sinn an den Tëschefall matkritt hunn.
Sollt iergendeen déi zwee Autoen op engem anere Punkt, wéi deen zu Éilereng, beienee gesinn hunn, soll e sech och bei der Police mellen. Grad ewéi eventuell Zeien, déi déi Persounen, déi am Fall implizéiert sinn, gesinn hätten.
Sollten Leit nach aner eventuell Informatiounen hunn, solle se sech dréngend bei der Police um 113 oder um +352 4997-6011 mellen.
Iwwregens huet d'Police och diverse Objeten an der Camionnette fonnt. Sollt iergendeen Informatiounen doriwwer hunn, solle se dës och onbedéngt weiderginn.


