Rettungsdéngschter: De Mangel u Fräiwëlleger ass enorm!
RTL - 20.07.2012, 11:52 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.07.2012, 15:26 | 11 Commentaire(n)
D'Reform vun de Rettungsdéngschter kritt Verspéidung, dobäi bleift d'Situatioun um Terrain ugespaant. Et gi weider net genuch fräiwëlleg Secouristen.

Dat seet de Roland Disiviscour vum Comité des sages vun der Protection civile. Zulescht gouf am Réidener Gemengerot Alarm geschloen. "De Mangel u Fräiwëlleger ass enorm!", sou de Roland Disiviscour. "All Joers, wa mer puer Leit agestallt kréien, vläit eng Dosen d'Joer, gi just Lächer gestoppt."
|
D'Täschegeld vun engem Euro fir déi Fräiwëlleg wier zwar eng positiv Mesure, méi éischter eng Valorisatioun fir d'Aarbecht. Nei Fräiwëlleger kéinte sou awer och net rekrutéiert ginn, seet de Roland Disiviscour.
Wat d'Reform vun de Rettungsdéngschter ugeet, hunn déi verschidden Aarbechtsgruppen hir Rapporten antëscht fäerdeg. Dorausser soll eng Synthèse gemaach ginn, déi en Donneschdeg hätt solle vum zoustännegen Inneministère verëffentlecht ginn. Den Text ass, esou déi neisten Informatiounen, um spéide Freidegmoien erausgaangen ... wat vläit och doru läit, datt eng eenzeg Persoun am Ministère domadder chargéiert ass, erkläert de Roland Disiviscour.
|
Datt d'Deadline vun Enn des Joers awer nach kann agehal ginn, dorunner zweiwelt awer och de Roland Disiviscour.


Äre Commentaire