Esch: Fir d'éischt Kofferkabelen an dunn en Auto klauen

RTL - 21.07.2012, 11:44 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.07.2012, 15:31

An der Nuecht op e Samschdeg huet d'Police zu Esch ee Mann gepëtzt, dee sech op engem Schantjen zerwéiert huet. Dono wollt dee säin Auto "zeréckklauen".

Géint 2.30 Auer war enger Patrull am Boulevard Kennedy vis-à-vis vum Geriichtsgebai op enger Bushaltestell ee Won opgefall, deen d'Mall opstoen hat.

Op dem Chantier op där anerer Säit hunn d'Beamten de Proprietaire fonnt, an der Mall hat en ewell Kofferkabele gelagert. Hien huet de Klau zouginn.

A well den Täter och nach gedronk hat, krut e säi Permis ofgeholl a säin Auto gouf saiséiert.

Näischt bäigeléiert ...

De Mann blouf awer op fräiem Fouss, mat hat um Moien no der Dot awer déi, wéi d'Police schreift, "blendend" Iddi, an d'Fourrière anzebriechen, fir sech säin Auto zeréckzehuelen.

Ma och déi Kéier gouf en erwëscht, kuerz no der Dot vun der Déifferdenger Police.