Wickreng/Léiweng: Extortiounsdossier elo um Chambersite
RTL - 24.07.2012, 11:24 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.12.2012, 15:46 | 37 Commentaire(n)
An der Affär Wickreng/Léiweng ginn d'Akten aus der Enquête préliminaire wéint Extortioun in extenso publizéiert an zwar um Internet-Site vun der Chamber.

De Fraktiounspresident vun der LSAP, de Lucien Lux, konnt no der zimlech kuerzer Sëtzung vun de Presidenten iwwerhaapt net méi ophale mat laachen ; iergendeppes huet him vill Freed gemaach. D' Vakanz stéing virun der Dier, sot hien, et huet awer wuel éischter um Dossier geleeën, deen elo integral nozeliesen ass, mat Auditiounen, Annexen a Conclusiounen. Et wier een ëmmer fir Transparenz gewierscht, fir datt jiddwereen sech kann ee Bild maachen, firwat d'Chamber esou decidéiert huet. Fir d'CSV sot d'Martine Stein-Mergen, d'CSV hätt d' Publicatioun vun der Enquête jo schonn d'lescht Woch an der Chamber gefuerdert
Hei de Link op d'Enquête préliminaire
Dir fannt den Dossier ënnert der Rubrik Actualité" ënner "Livange-Wickrange: l'enquête rendue publique".
Wickreng/Léiweng: alles ëffentlech! (24.07.2012)Fraktiounschefen hunn den Moien an der Conférence des Presidents decidéiert fir deen ganzen Dossier mat den Auditiounen op den Chambersite ze setzen! |


Äre Commentaire