Gemengerot Déifferdeng: Neit Spidol?

RTL - 26.07.2012, 06:12 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.07.2012, 17:15 | 10 Commentaire(n)

Am Déifferdenger Gemengerot sinn um Mëttwoch Diskussioune gelaf rondrëm d'Méiglechkeeten dat neit Spidol fir de Süden zu Déifferdeng ze installéieren.

De Süde kritt jo een neit Spidol an den Ament gi Sitten zu Esch an zu Diddeleng analyséiert. D'Gemeng Déifferdeng ass awer net am Spill, wat vun der LSAP kritiséiert gouf. Si huet eng Motioun fir d'Erhale vun enger Klinik zu Déifferdeng eragereecht, déi an der nächster Sëtzung soll diskutéiert ginn. De Buergermeeschter Claude Meisch ass sech bewosst, dass dat neit Spidol op oder ronderëm Esch gehéiert, hie fuerdert allerdéngs Compensatiounen. Am Nidderkuerer Spidol schaffen ëmmerhinn 500 Leit.

Um Mëttwoch an der Sëtzung vum Gemengerot huet dann och ganz iwwerraschend de Jean-Didier Munch seng Demissioun agereecht. De Mann ass Dokter an nieft beruffleche Grënn sot hie sech onzefridde mat der Lëtzebuerger Politik a Saache Kliniken.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!