Police: Et ginn keng Porte-Cléen mat Senderen verdeelt!
RTL - 27.07.2012, 11:42 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.07.2012, 16:26
Urban Legend: Un der Nouvelle dat op verschidden Tankstellen Porte-Cléen, mat Senderen solle verdeelt ginn, ass näischt drun!

Zënter enger Zäitchen zirkuléiere jo Warnungen iwwer E-Mail an iwwer Facebook, datt op verschiddene Benzinsstatioune e.a. vun der Firma Total an och soss op ëffentleche Plazen, Onbekannter géife speziell Porte-Cléen verdeelen.
An deene Porte-Cléen wiere kleng Sender mat deenen déi Onbekannt d'Leit zu all Ament kéinte lokaliséieren an op déi Manéier eraus fanne wou si wunnen, fir dann do an ze briechen.
RTL huet bei der Police Grande-Ducale no gefrot. Déi huet vun der Geschicht héieren, ass der Saach nogaangen an huet sech op diverse Plazen ëmfrot, dorënner och bei de Kollegen am Ausland. Et ass eraus komm, datt un där Geschicht näischt drun ass!
Se fält der Police no ënner d'Rubrik „urban legend“.
No liese kann een dat och op Internet Sitten, déi virun esou moderne Seeche warnen. Wéi et do heescht, hat d'Story hiren Origine schonn 2008 a Südafrika. Deemools hat do eng Pëtrolsfirma als Publicitéits-Geck, Porte-Cléen op Benzinsstatioune verdeelt. Déi Gadgeten waren awer wierklech blouss eng Reklamm an op keng Manéier iergendwéi preparéiert!
