Fëmmgesetz: A klenge Bistroen dierf wuel weider gefëmmt ginn

RTL - 27.07.2012, 13:08 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.07.2012, 17:34 | 68 Commentaire(n)

Fëmmgesetz zu 95 Prozent duerch de Regierungsrot: Et gesäit no Ausnahme fir déi ganz kleng Bistroen aus.

Den Text iwwert d'Fëmmgesetz, deen am Hierscht finaliséiert gëtt, gesäit vir, datt een nach a klenge Bistroen weider dierf fëmmen. Op d'mannst fir eng Iwwergangszäit dierft an deene klenge Bistroen, déi ouni Personal schaffen, wou also just de Patron selwer aktiv ass, weider gefëmmt ginn.

All déi aner Caféen an och alleguer d'Diskothéiken sollen awer dampfräi ginn. Wéi vun Ufank u gesot, kënnen déi Lokaler awer een ofgetrennte Raum ouni Service maachen, wou nach weider ka gefëmmt ginn. Dee Raum däerf awer net méi wéi 1 Véirel vum ganze Bistro ausmaachen.




Bei der Horesca huet et an enger éischter Reaktioun geheescht: „Besser ewéi näischt, mä net genuch fir d'Iwwerliewe vu ville Bistroen ze garantéieren“. De Generalsekretär vun der Horesca huet am RTL-Interview ze bedenke ginn, datt et och eng ganz Partie Bistroe ginn, déi ze kleng sinn, fir eng Salle Fumeur kënnen z'installéieren an awer fir rentabel ze schaffen, mussen op Personal zeréck gräifen an also net géifen a Fro kommen, fir viru kënne Fumeur ze bleiwen. De François Koepp erënnert drun, datt den Horesca-Sekter zënter Januar ronn 1.100 Leit eng Aarbechtsplaz verschaaft huet. D'Horesca bleift dobäi, datt et de Wiert misst fräi gestallt bleiwen, op d'Demande vun hire Cliente ze reagéieren, sief et pro oder contra Fëmmen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!