De Frank Reimen trëtt als Cargolux-Direkter zeréck

RTL - 27.07.2012, 15:04 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.08.2012, 19:16 | 26 Commentaire(n)

De CEO Frank Reimen verléisst d'Cargolux a gëtt den 1. August neien "Haut-Commissaire à la Protection nationale".

Um Freidegnomëtteg hat RTL gemellt, datt de Frank Reimen als Direkter vun der Cargolux géing zerécktrieden. Kuerz drop gouf déi Nouvelle dunn och offiziell confirméiert - natierlech ouni den Hiwäis, datt Reiwereie mam neien Aktionär Qatar Airways de Grond vum Depart solle sinn.

Den 1. August ass de Frank Reimen dann "Haut-Commissaire à la Protection nationale" an iwwerhëlt d'Successioun vum Roland Bombardella, deen an d'Pensioun geet.

Reimen: 1 Joer a 7 Méint

Am November 2010 ass de Frank Reimen, deen Ament ë.a. Generalkoordinator am Transportministère, Direkter bei der Cargolux genannt ginn - hie war do vum 1. Januar 2011 un CEO, also Chief Executive Officer.

De Wiessel un der Spëtzt deemools war a mouvementéierten Zäiten fir d'Cargolux komm: Problemer mat der weltwäiter Konjunktur a mat der Justiz an den USA a mat Qatar Airways ass och nach een neien Aktionär derbäi komm (35%).

Nei war d'Branche vun der Aviatioun deemools fir de Lucien-Lux-Vertraute Reimen net, hien war bis dohi President vum Verwaltungsrot vum Fluchhafebedreiwer Luxairport a war zënter 2009 och am Conseil vun der Cargolux.

Den 1. Januar 2011 huet de Frank Reimen de Poste vum Ulrich Ogiermann, deen zesummen mam Manager Robert van den Weg wéinst enger Kartell-Affaire, also wéinst illegale Präisofsproochen an Amerika ugeklot war, iwwerholl. Den Ulrich Ogiermann war 8 Joer un der Spëtzt vun der Cargolux.

RTL: Forson neie Chef

RTL-Informatiounen no kinnt elo de Richard Forson, deen aktuell Finanzdirekter (CFO) bei der Cargo-Airline ass, de Poste vum CEO iwwerhuelen. De Forson ass ee Südafrikaner, dee vun 2003 bis 2005 och als Finanzdirekter bei Qatar Airways geschafft huet.

Am offizielle Schreiwes vun der Cargolux gëtt dës Info awer net confirméiert, doran heescht et just: The Board of Directors will appoint in the very next future an interim CEO while an executive search for Frank’s replacement has been initiated.

Kontrovers ëm Wildgen

D'Verlängerung vum Albert Wildgen viru kuerzem um Poste vum President vum Verwaltungsrot schéngt mat Réckzuch vum Frank Reimen zesummenzehänken.

D'Gewerkschaften hate sech jo och géint eng Verlängerung vum Wildgen sengem Mandat ausgeschwat: Si haten am Mäerz 2012 fonnt, dass de President vu der Cargolux Albert Wildgen net neutral wär, an en opgefuerdert, säi Posten zur Dispositioun ze stellen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!