Belvalplaza: Et feelt nach u Butteker, Geschäftsleit positiv
RTL - 30.07.2012, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.07.2012, 09:27 | 9 Commentaire(n)
Belvalplaza: Eng 40 Geschäfter ginn nach net duer. Trotzdem sinn d'Geschäftsleit éischter optimistesch, wat d'Zukunft vum Site ugeet.

Et gëtt een däitscht Sprachwuert, dat seet „Aller Anfang ist schwer“ an dat trëfft och op d'Shopping-Galerie Belvalplaza zou.
Am Oktober viru véier Joer huet de Plaza 1 seng Dieren opgemaach. Antëscht ass vill op Belval geschitt an zanter engem gudde Joer ass och op där anerer Säit vun der Avenue du Rock'n Roll de Plaza 2 op. Wann een duerch d'Galerie trëppelt, fält engem allerdéngs op, dass nach ëmmer eng Partie Lokaler eidel stinn. D'Corinne Folscheid huet bei de Geschäftsleit an och de Clienten de Bols gefillt.
Eng 40 Geschäfter, dorënner ee grousse Supermarché an 8 gastronomesch Betriber ginn et den Ament am Belvalplaza. Dat geet definitiv net duer. An dem Punkt sinn sech déi meescht Geschäftsleit eens. Schungbutteker, Kadosgeschäfter, eng Apdikt an eng Post géifen zum Beispill derzou gehéieren.
Et sollt een awer net alles ze vill negativ gesinn, sou nach d'Patronne vun engem Miwwelgeschäft. Si bedauert awer, dass grouss Geschäfter schonn zimlech fréi Decisioun geholl hunn nees zouzemaachen. Et wier also schonn ee klenge Malaise mam Promoteur. Et misst ee sech un een Dësch setzen.
Wann ee mat de Geschäftsleit schwätzt héiert ee kloer eraus, dass et nach ëmmer verschidde Problemer ginn, och wat d'Zuel vun de Clientë betrëfft, an awer ass den Optimismus bei de Geschäftsleit grouss.
An och d'Clienten, déi an der Galerie ënnerwee woren, hu sech iwwert déi aktuell Offer net beklot, am Géigendeel.

Äre Commentaire