Police: Course-Poursuite duerch d'Stad an iwwer d'A3

RTL - 28.07.2012, 13:05 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.07.2012, 13:19

Ee Mann huet engem Familljemember den Auto geklaut a sech um Samschdegmoien eng Course-Poursuite mat der Police duerch d'Stad an iwwer d'A3 geleescht.

De Chauffer vum Auto, wou 4 oder 5 Leit dra souzen, ass an der Nuecht op e Samschdeg duerch eng 1. Kontroll op der Gare gerannt an duerno laanscht eng weider Patrouille op der Paräisser Plaz. Hien ass du bei kenger Luucht méi stoebliwwen an ass mat bis zu 140 Stonnekilometer Richtung Rond-Point Gluck gefuer.

Op der A3 Direktioun franséisch Grenz ass de Chauffer mat iwwer 200 Stonnekilometer der Police fortgefuer. D'Course-Poursuite gouf op der Grenz awer gestoppt. D'Police krut keng Erlaabnis fir weiderzefueren, well keng Strofdot manifeste war.

D'Police hat awer d'Plack opgeschriwwen. D'Besëtzerin vum Auto huet elo eng Plainte géint hiren Neveu gemaach, deen de Won "geléint" hat. D'Sich no him geet virun.