Police: 3 Hënn an der décker Hëtzt eleng gelooss
RTL - 28.07.2012, 14:07 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.07.2012, 14:13
Zu Nidderkuer war d'Police geruff ginn, well bei der Hëtzt en Hond am Gaart vun engem Haus un enger Ketten ugestréckt war. D'Leit waren an d'Vakanz.

Op d'Rodange war d'Police bei d'Schwämm geruff ginn, well do e klengen Hond an engem Auto souz. Déi viicht Fënster war op an et gouf och e Becher Waasser fir den Hond, an awer war et elle waarm. De Hond war e bësse verschotert, mä et ass ëm awer gutt gaangen. D'Fra huet gemengt, si hätt net gewosst, datt d'Hënn an der Schwämm net erlaabt wieren an hätt en dunn am Auto gelooss.
Op Käerjeng war d'Police och nach geruff, well do en Hond am Auto an der Sonn souz. De Proprietaire war awer séier fonnt. Deen hat eng Schossel mat Waasser am Won gelooss an déi 4 Fënsteren e Stéck opgelooss. Hie war och nëmme kuerz eppes akafen, sot e selwer, an d'Police schwätzt deemno vu falschem Alarm.
