Lénger-Péiteng: Automobilistin rennt a 2 geparkte Ween

RTL - 29.07.2012, 12:01 | Fir d'lescht aktualiséiert: 29.07.2012, 12:06

Zu Lénger hat eng Automobilistin, déi um 2.15 Auer an Direktioun Péiteng wollt fueren, d'Kontroll verluer a war widder zwee geparkte Gefierer gerannt.

D'Fra war net blesséiert ginn, mä de Materialschued ass héich.

D'Police huet festgestallt datt d'Madame nawell eppes méi gedronk hat a well se iwwerhaapt kee Permis hat, gouf ee Protokoll geschriwwen.

Donieft sinn Hënt op 2 Plaze Permisen agezu ginn, well déi respektiv Chauffeuren och ze vill Alkohol intus haten: Dat war um Sonndeg fréi um 1.30 Auer zu Péiteng de Fall, wou een Automobilist bal den Déngschtwon vun der Police getéckt hat. Um 4.15 Auer war op der Stréck vum Briddel op Koplescht ee Won engem aneren hannendrop gerannt. Et gouf kee Blesséiert, mä ee vun de Chauffeuren huet de Führerschäin missen ofginn.