Verkéierschaos Käerjeng: 40% méi Trafic an de leschte Joeren
RTL - 02.08.2012, 12:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.08.2012, 14:18 | 38 Commentaire(n)
Zu Käerjeng geet ee lues awer sécher am Verkéier ënner. De Michel Wolter denkt iwwer eventuell méi aggressiv Aktiounen no, fir dass endlech eppes geschitt.

Anescht wéi dacks d'Wieder, ass de Fait, dass vill manner Trafic ass, ee séchert Zeechen dofir, dass grouss Vakanz ass.
Et gi wéi gewosst Ecker am Land wou baussent de Vakanzen de Stau quasi Normalzoustand ass. Een sou en Eck ass d'Gemeng Käerjeng.
Do erstécke se carrément am Verkéierschaos.
Am Trafic erstécken, an dat wuertwiertlech: D'Gemeng Käerjeng huet an de leschten 10 Joer fir deiert Geld 3 Etude maache gelooss an d'Resultater si progressiv erschreckend:An de leschte Joeren huet den Traffik ëm bis zu 40% zougeholl. D'Experte schwätze vun engem Verkéier wéi op enger Autobunn.
D'Loftqualitéit déi op 16 verschiddene Plaze gemooss gouf, läit am roude Beräich.
Fir de Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter, ënnerstëtzt vum ganze Gemengerot, ass de Contournement méi dréngend wéi jee.
Well een do awer am Beräich vun enger Nationalstrooss läit, kann d'Gemeng kee Cavalier seul maachen, well ee vu staatlechen Decisiounen ofhänkt.
Käerjeng huet een Drockmëttel, an zwar dee vum Staat gewënschten Ausbau vun der Aktivitéitszon. Och do prësséiert et.
Déi Zon gouf an de 70er Jore gebaut a fonctionnéiert bis Haut fir Dausende Camionen an aner Gefierer, just mat enger eenzeger Entrée an enger Sortie.
Et ass elo e Bréif un déi concernéiert Ministèren ënnerwee, fir zesummen no enger globaler Léisung fir den Trafic zu a ronderëm Käerjeng ze sichen, mat virop der Biff wou et de Choix tëscht Pescht a Cholera ass: D'Collectrice oder duerch Käerjeng. Et hofft een, dass de Staat endlech reagéiert, am anere Fall denkt de Michel Wolter iwwer méi rabiat Weeër no.
Michel Wolter: Méi aggressiv Aktiounen sinn déi, dass ee sech wierklech muss iwwerleeën ob een déi Strooss net da punktuell mol eng Kéier muss spären. Well mir kënne jo net einfach nokucken, dass näischt geschitt. A méi aggressiv Aktiounen, ech verheemlechen dat net, well dat huet och nees eppes mam Contournement ze dinn, dat ass eis ganz Infrastruktur an der avenue de Luxembourg, déi ass lo tëscht 40 a 45 Joer al... mir hu Rapporte kritt, dass mer riskéieren, op der enger oder anerer Plaz, dass eis de Kanal abrécht, wierklech asackt... Wa mir déi eng oder aner Aktioun géifen huele fir op där enger oder anerer Plaz da flécken ze goen, dann ass, wa keng Alternativen do sinn, da steet de Verkéier während Méint.
Domadder géif den Trafic Moies bis zréck op Longlaville stoen, an Owes bis bal an d'Stad.
Et setzt een elo awer mol op konstruktiv Gespréicher mam Staat an der Hoffnung, dass d'Kanalisatioun hält.
Äre Commentaire