Iechternach: Uergen Accident tëscht 3 Motocyclisten
RTL - 01.08.2012, 15:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.08.2012, 16:53
Um Mëttwochmëtten koum et géint 20 op 3 zu engem schroen Accident tëscht dräi Motocyclisten tëscht Iechternach a Steenem.

E Grupp vun 3 Motocyclisten war do ënnerwee, wéi sollt e Méitrakter vun de Ponts et Chaussées iwwerholl ginn.-
Well awer zum selwechten Abléck och en Motocyclist en Aneren wollt iwwerhuelen, sinn d'Motarden gefall.
Ee Motocyclist gouf op d'Vëlospiste geschleidert an uerg verwonnt.
Déi 2 aner Motocyclisten grad wéi de Mann um Méitrakter goufen liicht verwonnt.
De Sauvetage, d'Pompjeeën an zwou Ambulanzen vun Iechternach waren, nieft dem Rettungshelikopter op der Plaz vum Accident.