Educateuren: Regierung huet Reglement ugeholl

RTL - 01.07.2009, 18:28 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.07.2009, 18:34 | 3 Commentaire(n)

Educateuren: D'Regierung präziséiert, datt nach um Conseil e Reglement ugeholl gouf, mat deem hir Aarbecht an der neier Grondschoul detailléiert gëtt.

Si këmmeren sech ëm de sozio-educativen Encadrement vun de Schüler, zesummen mat den Enseignant.

Bis ewell goufen et grouss Ënnerscheeder tëscht den eenzelne Gemengen, mat dësem Reglement héiert dat op.

 Den Educateur intervenéiert als Zweeten am Précoce, den Educateur gradué intervenéiert an all den Cyclen.

Den Educateur schafft déi Stonnen, wou Schoul ass : 26 Stonnen socioeducative Aktivitéiten plus 3 Stonnen surveillance am Précoce. Fir déi aner sinn et 28 Stonnen.

Donieft mussen nach 260 Stonnen d'Joer am Intressi vun Schüler a Schoul geleescht ginn.


Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!