Bilan M. di Bartolomeo: Vill néideg Reformen!
RTL - 07.08.2012, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.08.2012, 09:02 | 36 Commentaire(n)
D'Anti-Fëmmgesetz ass jo wuel ee vun de grousse Projeten, un deen de Mars di Bartolomeo sech dëst Joer eru getraut huet, ma bei wäitem net deen eenzegen!

An et ass och och net deen eenzegen iwwert dee vill diskutéiert gouf. Wann et ëm Gesondheet, Pensiounen asw geet sinn d'Leit eben direkt méi sensibel, dat ass normal a verständlech.
De Mars di Bartolomeo mécht de Bilan vun der Aarbecht a sengem Ministère an de leschte Méint: e neit Patienterechtsgesetz, d'Schafung vun enger neier Mediatiouns-Struktur, d'Pensiounsreform an de neie Statut fir de Laboratoire national de la Santé.
An dann awer och nach een Avant-Projet fir de Reclassement ze reforméieren, ee Gesetz wat de Gesondheetsminister zesumme mam Aarbechtsminister iwwerschafft huet.
An am Hierscht geet et nees lass, oder weider un deenen entaméierte Reformen. Den Haaptchantier fir d'Schluss vum Joer gëtt da wuel d'Pensiounsreform an d'Patienterechtsreform. Duerno ginn d'Preparatiounen fir d'Reform vun der Fleegeversécherung entaméiert.
An natierlech.......d'Fëmmgesetz, wou et jo elo esou ausgesäit wéi wann a klenge Bistroen, wou just de Patron schafft weider dierft gefëmmt ginn. Ma wéi de Mars di BartolomeO erkläert: et muss nach villes diskutéiert ginn an dat lescht Wuert ass nach net geschwat!

Äre Commentaire