Bilan M.-J. Jacobs: Net bei de Flüchtlinge spueren

RTL - 08.08.2012, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.08.2012, 09:02 | 43 Commentaire(n)

Bilan Marie-Josée Jacobs: Reform vun der Entwécklungshëllef, besser Kannerbetreiungsstrukturen a Logement vun de ville Flüchtlingen.

© SIP
Eng ganz Partie Saache si scho gestëmmt, anerer sinn nach an der Prozedur, a bal all déi ernimmte Projete kaschte Suen, zum Deel ganz vill Suen. Dofir war et d'Fro un d'Marie-Josée Jacobs, op dann elo bei deene verschiddenen Hëllefe gespuert gëtt, sief et am Familljeministère oder bei de Flüchtlingen.

Bei der Kooperatioun, gëtt jo ëmmer gesot, soll net gestrach ginn. An dat aus gudde Grënn, esou d'Marie-Josée Jacobs, an zwar aus Solidaritéit!

Bei de Flüchtlinge sollt u sech net gespuert ginn. D'Marie-José Jacobs ass och iwwerzeegt, datt d'Decisioun Suen duerch Bongen ze ersetzen déi richteg war.

Efforte fir ze spuere goufen awer bei der Kannerbetreiung gemeet. Besonnesch, déi, déi méi verdéngen, mussen an Zukunft méi déif an d'Täsch gräifen. D'Mëttegiessen an deene Strukture gëtt zum Beispill och méi deier.

No der Vakanz steet dann och sou munches am Agenda vum Marie-Josée Jacobs: E Projet iwwert d'Faillite personelle, d'Gesetz rondrëm déi Leit déi wëlle au-pair schaffen an dann och déi ganz Gesetzer am Beräich Kannerbetreiung.

Elo gëtt awer emol bësse gerascht, dofir geet et fir d'Ministesch a Richtung Griichenland.


Caritas: Spendenopruff fir syresch Flüchtlingen (08.08.2012)
Iwwer eng Millioun Syrer sinn op der Flucht a sichen Hëllef an de Nopeschlänner. D'Caritas ënnerstëtzt besonnesch d'Réfugiéen am Libanon an a Jordanien.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!