Bilan L. Frieden: Schwieregt Joer an et gëtt net méi einfach
RTL - 10.08.2012, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.08.2012, 09:01 | 33 Commentaire(n)
Wann ee Luc Frieden seet, dann denkt een automatesch un d'Staatskeess, un de Budget, an awer och un den Euro....

De Budget jo souwisou net, all Joer ass et déi selwecht Aufgab mam Ziel nees aus dem Defizit eraus ze kommen. Kritt de Luc Frieden da fir 2013 d'Enner beieneen?
"Nee, ech kréien d'Enner net beieneen. Et ass bekannt datt mer en zolitten Defizit beim Zentralstaat hunn. Elo muss gekuckt ginn, wéi d'Ausgabe op eng gutt Aart a Weis kënne reduzéiert ginn.", sou de Minister Frieden.
Detailer ginn et spéitstens bei der Presentatioun vum Budget, den 2.Oktober.
Bis dohinner huet de Minister nach schwéier Verhandlungen, Diskussiounen a Berechnunge viru sech: "De Budget ass ni einfach maachen, mä nach méi schwiereg maachen a schwéieren Zäiten."
Et goufen an de leschte Méint awer och méi positiv Nouvellen, och wann de Luc Frieden muss zouginn, datt et e schwieregt Joer war an dat et no der Summervakanz net méi einfach gëtt.
Net méi einfach, mä fir Positives z'erreeche soll emol do weidergefuer ginn, wou dann awer nach vill Suen, och fir de Staat verdéngt ginn.
Et muss nach op eng méi konzentréiert Aart a Weis no neien Investisseuren an neie Clienten op der Finanzplaz gekuckt ginn, notamment fir op nei Mäert wéi Asien oder Amerika ze goen.
An dann, wéi scho gesot, de Budget, ee permanenten Effort an eng zentral Fro fir déi nächst Joeren: "D'Eurokris verschwënnt net am Summer, an och an der Summerpaus muss ee weider disponibel bleiwen, fir ze kucke wéi eng Moossname musse geholl ginn."
Wéi gesäit et dann dem Luc Frieden no an engem Joer aus? Ass zum Beispill Griichenland dann nach an der Eurozon?
"Et ass am Interêt vun der Eurozon, datt esou wäit wéi méiglech kann esou viru geféiert ginn. Mä an der Eurozon hunn ech geléiert datt all Dag en neit Evenement kënnt, wat een net ka virausgesinn. Mir hunn een Ziel, datt ass dat den Euro net zesummebrécht. Ech si fest dervunner iwwerzeegt, datt den Euro als Währung, well e méi ass wéi eng Währung, iwwerlieft. Ob all Member dra bleift, hänkt vun deem Member selwer of an ob en d'Accord ass sech un d'Spillregelen ze halen. Ech géing mengen och d'nächst Joer wier Griichenland nach an der Eurozon.", esou de Luc Frieden.
An der Vakanz bezilt de Luc Frieden dëst Joer net mam Euro. Et geet iwwert der Pull an Amerika.

Äre Commentaire