Stad Lëtzebuerg: Gratis Krunnewaasser aus Fontainen

RTL - 08.08.2012, 13:49 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.08.2012, 13:56

An der Stad Lëtzebuerg kann ee lo zanter kuerzem an der Groussgaass beim Roude Pëtz vun enger Drénkwaasser-Fontaine profitéieren.

Déi Initiative erméiglecht der Stad gratis Drénkwaasser un d'Passanten ze verdeelen, an heimat och déi groussaarteg Qualitéit vum Waasser ze promouvéieren. D'Leit sollen doduerch dozou bruecht ginn, méi Krunnewaasser ze drénken, well dat bei wäitem méi ekologesch a méi bëlleg ass wéi Waasser aus der Fläsch.

D'Fontaine gouf vun der Designerin Cécile Planchais entworf, an ass just déi éischt vun am ganzen 16 Installatiounen déi fir d'Stad Lëtzebuerg virgesi sinn. Si gi progressiv op ëffentleche Plazen opgestallt, a verschiddene Parken an op Plaze wou vill Duerchgang ass.