Bilan J. Asselborn: Ausseminister-Job heinsdo decourageant

RTL - 13.08.2012, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.08.2012, 15:18 | 9 Commentaire(n)

Et ass net ëmmer encouragant Ausseminister ze sinn an enger extrem nervöser Zäit, wéi mer se elo hunn, seet de Jean Asselborn.

Aktuell ass jo leider nach ëmmer d'Situatioun a Syrien.

Och eng hallef Dosen international Konferenzen hätten et net fäerdeg bruecht den diplomateschen Drock esou ze héijen, dass d'Gewalt gestoppt géif, esou de Jean Asselborn: "Decouragant ass et heinsdo ganz staark, och wann ee gesäit datt et am Moyen-Orient net virugeet, obscho mer als EU mat der Politik vill méi op enger gemeinsamer Linn sinn, mä datt mer virun den amerikanesche Wahlen guer kee Fortschrëtt fäerdeg brengen."

An Europa selwer wier et positiv, dass Europa elo eng Positioun vis à vis vum Iran huet, fir z'evitéieren, datt eng nuklear Oprüstung am Iran passéiert an awer och fir alles ze maachen, datt keng Militär Schléi do entsinn.

An der Aussepolitik wieren nach Fortschrëtter ze maachen, zesummen. Déi national Komponent dierft keng Iwwerhand kréien.

Aussepolitik léisst sech net ëmmer plange mä zu de Prioritéiten no der Vakanz gehéiert awer mat Sécherheet d'Kandidatur fir an de Weltsécherheetsrot.

"Alles wat elo nach geschitt ass komplementar. Dat meescht ass an deene leschte 5-6 Joer gemaach ginn. Perséinlech an och eis Diplomatie, mir hunn dat Bescht gemaach wat mer konnte maachen. Et muss een elo acceptéieren wéi ofgestëmmt gëtt. Wëssend ëmmer, datt een och do muss eng gewësse Bescheidenheet halen. Ech mengen net, datt de Conseil de Securité un d'Wackele kënnt wa mer net gewielt ginn.", esou den Ausseminister.

Egal wéi, géif déi Kandidatur dem Land eppes bréngen: "De Fait dass mer eis asetze fir déi déi manner räich si wéi mir an der Welt, ass an där Campagne immens gutt zum Virschäi komm ass.", esou de Jean Asselborn.

Zwou Plaze sinn ze besetzen. Nieft Lëtzebuerg kandidéiere Finland an Australien.

De Vote ass den 18. Oktober.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!