TNS-ILReS-Sondage zur Demographie a Famill
RTL - 08.12.2008, 06:40 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.12.2008, 19:35
Zu Lëtzebuerg wiisst d'Populatioun v.a. duerch d'Immigratioun, soudass Friemer de Moment ronn 42% vun de Leit am Land ausmaachen (Sondage TNS-ILReS).

Grousse Succés huet iwwerdeems de Congé Parental. Wa virum Joer 2000 ee Véirel vun den Elteren op dës Form vu Congé zréckgegraff hunn, sou sinn et haut d'Halschend vun all den Elteren déi vum Congé Parental profitéieren. Eltere sinn, ass haut vill méi schwéier wéi an der Vergangeheet. 42% vun de Befrote sinn där Meenung.
Déi meescht Eltere passen iwwerdeems am léifste selwer op hir Kanner op, wann et méiglech ass, a ginn se net an eng Crèche oder bei eng Dagesmamm. D'Grousselteren spillen a 56% vun de Fäll eng wichteg Roll, wann et drëms geet d'Enkelkanner ze versuergen.
Wéi nach aus der TNR-ILRES Emfro erfir geet, spille Kanner nach ëmmer eng ganz wichteg Roll an eiser Gesellschaft. Fir 69% vun deenen iwwer 1.000 Leit déi gefrot goufen, si Kanner dat Wichtegst fir dat perseinlecht Gléck.

