Turkish Airlines wëll Direktverbindung mat Istanbul ubidden
RTL - 09.08.2012, 06:23 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.08.2012, 08:45 | 13 Commentaire(n)
Et soll nach eng Fluchgesellschaft op de Findel kommen. Turkish Airlines wëll eng direkt Verbindung vu Lëtzebuerg op Istanbul ubidden.

De Fernand Brisbois, Direkter vu LuxAirport, erkläert, datt Lëtzebuerg fir déi tierkesch Airline eng intressant Destinatioun ass. Mä och fir Lëtzebuerg wier sou eng Verbindung eng grouss Chance.
Fernand Brisbois: D'Turkish Airlines plangt 4 bis 6 Operatiounen an der Woch. Dat sinn der relativ vill. Mat engem A319, dat sinn 150 Sëtzplazen... Dat ass scho vill wann een esou ee Marché soll opbauen.
Ennerschriwwen as de Kontrakt awer nach net.
Fernand Brisbois: Ech huelen un, dass si de Marché nach analyséieren, a kucken wéi se déi Operatioun wëllen opzéien an da muss ee gesi wat kënnt. Et ass réicht definitiv, wann een e Pabeier huet vun der Gesellschaft dee seet "elo fänke mer un... den Horaire... dat sinn d'Deeg wou mer fléien..."
D'Responsabel an der Tierkei hätten ugekënnegt d'Verbindung Enn dëst Joer oder Ufank d'nächst Joer ze starten. Wéini genee lo deen éischte Fliger vun Turkish Airlines um Findel lant, ass dofir nach net kloer.
Fernand Brisbois: Ech rechnen, dass et 2013 gëtt, mä dat kann ee lo nach net soen. Mir versiche lo nach eng Kéier d'Turkish Airlines nach eng Kéier unzeruffen, mä déi melle sech souwisou vu sech aus, wa se bis d'Operatioun bis starten.
Eng Direktverbindung tëscht Lëtzebuerg an der Tierkei wor schonn zejoert am September prinzipiell ugekënnegt ginn, op enger offizieller Visite vum Jean-Claude Juncker bei sengem tierkeschen Homologue Erdogan zu Ankara.
Turkish Airlines ass déi gréisste Fluchgesellschaft an der Tierkei an ass och international present. 2005 ass d'Airline op 107 Destinatioune geflunn, d'lescht Joer waren et schonn 189 Destinatiounen, dëst Joer kommen der dann nach e puer derbäi. Mat 1500 Mataarbechter an enger Flott vun 180 Fligeren ass et eng vun de Gesellschaften déi am séierste wiisst. Turkish Airlines gouf dëst Joer vu Skytrax mam Titel „Bescht Airline an Europa" ausgezeechent.
Fluchhafen Lëtzebuerg: méi Passagéier, nei Strécken. (10.08.2012)
Déi éischt 7 Méint vum Joer goufen nach emol 7% méi Passagéier um Findel gezielt. Eng Gesellschaft wärt goen, awer och neier kommen op Lëtzebuerg.

Äre Commentaire