Schëtter: Blesséiert Persoun no 3 Deeg aus Wunneng gerett
RTL - 09.08.2012, 11:31 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.08.2012, 15:11
D'Police vu Mutfert gouf vu Leit kontaktéiert, well déi eng eeler Persoun aus der Noperschaft schonn zënter 3 Deeg net méi gesinn haten.

Se loung zënter 3 Deeg blesséiert um Buedem an huet misse mat Hëllef vum Rettungskran aus der Wunneng gebuerge ginn.