Bonus-Malus: Gréisser Interpretatiounsdivergenzen!

RTL - 10.08.2012, 19:06 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.08.2012, 19:14 | 17 Commentaire(n)

Bonus-Malus bei Autohaftpflicht: De Konsumenteschutz an 9 Assurancëgesellschaften respektiv hiren Daachverband ACA leien zënter Hierscht zejoert am Clinch.

Dat wéinst der Applicatioun vum Bonus-Malus-System bei der Autohaftpflicht.


Bonus-Malus:Interpretatiounsdivergenzen (10.08.2012)
Am Juni 2011 haten sech néng Assurancëgesellschaften en Accord iwwert Interpretatioun vum Bonus-Malus-System bei der Haftpflichtversécherung getraff.ULC huet do



Am Juni 2011 haten déi 9 Assurancëgesellschaften en Accord ënnerschriwwen, fir hir Interpretatioun vum Bonus-Malus-System ze uniformiséieren. Dat seet de Paul Hammelmann, den Direkter vum Daachverband vun den Assurancëgesellschaften am RTL-Interview.

D'ULC huet eng Klo géint dësen Accord beim Conseil de la Concurrence eragereecht a krut viru kuerzem op alle wesentleche Punkte Recht, betount den ULC-Beroder Bob Schmitz op RTL Télé Lëtzebuerg.

Wou läit eigentlech de Problem?

D'Konsumente wären duerch den Accord geschiedegt ginn, mengt d'ULC, déi eng 25 Plaintë vun hire Membere krut. Se hätten ze deier fir hir Primme bezuelt, well zum Beispill verschidden Transfere vum Bonus an de Familljen oder Reprisë vun engem Bonus bei engem Leasing-Kontrakt verbuede gi wären.

D'Assurancë wäre vun der staatlecher Kontrollinstanz opgeruff ginn, fir Uerdnung an den Maart ze bréngen, seet de Paul Hammelmann. An iwwregens géif den Accord haut bei deene meeschte Gesellschaften net méi applizéiert ginn.

Mä den Accord wär op mannst 7 Méint laang ugewannt ginn, kontert d'ULC.

D'Assurancëgesellschafte riskéiere jiddefalls eng Strof, well se d'Konkurrenzregelen net respektéiert hätten.

Bis Oktober wëllen si hir Interpretatioun vum Bonus-Malus-System dem Conseil de la Concurrence virbréngen.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!