Nei Moschee zu Lëtzebuerg? "Le Juste Milieu" dementéiert

RTL - 13.08.2012, 15:11 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.08.2012, 06:55

Moschee zu Lëtzebuerg? D'ASBL "Le Juste Milieu" präziséiert, datt "Qatar Charity" kee Gebai hei zu Lëtzebuerg keeft, mä nëmmen en Don versprach hunn.

Déi Lëtzebuerger islamesch ASBL « Le Juste Millieu » vu Bouneweg huet um Méindeg an engem Interview mat RTL Radio Lëtzebuerg nach emol dementéiert, dass déi kataresch Organisatioun Qatar Charity d’Gebai zu Bouneweg opkafe wéilt, fir eng nei Moschee a Koranschoul do op ze maachen.

Qatar Charity wär just ee vu villen Donateuren, déi der lëtzebuerger Organisatioun hëllefen, dat Gebai ze kafen, fir dass se hir Aktivitéiten do ka weider féieren, sot eis de Jean-Luc Karleskind vu „Le Juste Millieu“.

D’Asbl huet d’Gebai am Mäerz dëst Joer kaf fir de Paräis vun 1,8 Milliounen Euro. D’Vente ass nach net ofgeschloss. Eng éischt Tranche vu 471.000 Euro gouf bezuelt, dovunner 170.000 Euro Mutatioun’s-Steier. D’asbl brauch elo nach 320.000 Euro fir den 1. September; an dann all kéiers eng hallef Millioun Euro d’nächst an d’iwwernächst Joeren.

Si weess nach net, wéi héich den Don vu Qatar Charity gëtt. Dat géif och, egal wéi, näischt fundamentales un hiren Aktivitéiten zu Bouneweg änneren.

Le Juste Millieu huet beim Lëtzebuerger Justizministère eng Demande gemaach, fir de Statut vun „utilité publique“ ze kréien, wat erlabe géif, bei den Done Steieren ofzesetzen. D’asbl bedauert, dass si, trotz e puer Rappelen, nach kéng Äntwert vun der Regierung krut.


Keng nei Moschee zu Lëtzebuerg (13.08.2012)
D'Moschee zu Bouneweg gouf vun der asbl Le juste Milieu kaaft. Si sammelt elo ënnert anerem Donen am Qatar.