Mat 152 km/h ënnerwee amplaz 90: De Führerschäin ass fort!
RTL - 11.08.2012, 12:59 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.08.2012, 13:04
Ferm presséiert wor ee Chauffeur deen e Freideg den Owend géint 17.00 Auer zu Ënsber vum Riesenhaff Direktioun Ierpeldeng ënnerwee wor.

Zu Esch am Rondpoint um Däich wor der Police e Freideg den Owend géint 19.00 Auer een Auto opgefall, deen zimlech séier ënnerwee wor a bal engem Auto hannendrop gerannt wor. Um Boulevard Prince Henri konnt de Won gestoppt ginn. Et huet sech erausgestallt, dass de Mann hannert dem Steierrad ze vill gedronk hat. Hie gouf protokolléiert an huet säi Permis mussen ofginn.
Sou och ee Chauffeur deen um Samschdeg de Moie géint 5.00 Auer op der Streck tëscht Réimech a Bus mam Auto an d'Leitplanke gerannt wor an um Daach leie bliwwen ass. Dem Mann ass näischt geschitt. Mä och hien hat ze vill gedronk a krut de Führerschäin ofgeholl.
