Féiz: Auto rennt Zapsail vun Tankstell ëm

RTL - 12.08.2012, 08:34 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.08.2012, 08:39

Accident um Samschden den Owend zu Féiz, wou en Auto d'Zapsail vun enger Bensinsstatioun ëmgehäit huet. Et ass kengem eppes geschitt.

No engem Zesummestousse vun 2 Autoen huet ee vun den Autoen d'Kontroll verluer an huet op der anerer Stroossesäit eng Zapsail vun enger Tankstell ëmgerannt.

Et gouf kee Blesséierten. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Monnerech, d'Protex vu Schëffleng, de Samu, eng Ambulanz an d'Police.