Perseiden: An der Nuecht bis zu 100 Stäreschnäize pro Stonn
RTL - 12.08.2012, 08:40 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.08.2012, 08:44
Et lount sech dëser Deeg nuets a moies fréi an den Himmel ze kucken: Et ass nämlech nees d’Zäit vun de sougenannte Perseiden.

Dat heescht also e Spektakel vu Stäreschnäizen, där een ëmmer dës Zäit am August besonnesch vill ka gesinn, wann d’Wieder gutt ass. An dat ass elo de Fall. Bis zu 100 Stäreschnäize pro Stonn kann een observéieren.
Och déi nächste Nuecht ass nees extra gutt fir dat ze man – am beschte gesäit e moies fréi, kuerz ier et hell gëtt, wat den Ament géint 6.20 ass.
