adr-Pressekonferenz: "De Premier muss zrécktrieden!"
RTL - 08.12.2008, 12:07 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.12.2008, 09:14 | 9 Commentaire(n)
Déi 3 Message vun der adr: "De Premier muss zrécktrieden. Mir stinn hannert dem Grand-Duc. Mir droen déi geplangte Verfassungsännerung noutgedronge mat."

Dat soten se de um Méinden de Moien bei der adr.
An e Schëllegen ass fonnt ginn: de Premier Jean-Claude Juncker, deen alles schonn zanter Méint gewosst hätt, mä hien hätt et express bis zum Knuppert lafe geloss.
Hie krut ferm Streech bei der adr, de Jean-Claude Juncker. Deen hätt jo schonn zanter Méint iwwer d'Gewessensbëss vum Grand-Duc bescheed gewosst, hien hätt et awer d'Saach awer aus e puer Grënn eskaléiere gelooss: Eischtens well hien e Kommunist wier, zweetens well en heemlech fir d' Euthanasie-Gesetz wier, drëttens well e vu sengem Regierungschlammassel a vun de wirstchaftleche Problemer oflenke wéilt, sot den adr-Generalsekretär Roy Reding. An iwwerhaapt dem Premier säi Gerieds iwwer de Grand-Duc.
De Premier muss also demissionéieren, am beschte gläich.
D'adr gesäit sech - well de Grand-Duc se wëll - an der Pflicht d' Verfassungs-Ännerung matzedroen. An d'adr wëllt sech voll a ganz hannert de Grand-Duc; ouni deen hätte mer, Folklor am Land.
D'adr bedauert d'Absenz, datt elo alles esou schätzeg goe misst, et wier iwwer de knéi gebrach, en Hauruckverfahren.
An et sollt ee mat dëser Diskussioun net de gréngen, de sozialisteschen an de liberale Republikaner an d'Hänn spillen.

Äre Commentaire