Housen: Auto rennt an eng Mauer an iwwerschléit sech

RTL - 12.08.2012, 12:07 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.08.2012, 12:41

Automobilistin rennt an eng Mauer Housen a Rouderssen well e Rei iwwert d'Strooss gelaf ass. D'Gefier huet sech dunn iwwerschloen. Si gouf liicht verwonnt.

Accident e Samschdeg den Owend um 20.00 Auer op der Streck tëscht Housen a Rouderssen (Hueserbech). Wéint engem Réi, wat iwwert d’Strooss gelaf ass, huet eng Automobilistin d’Kontroll verluer. Si ass an eng Mauer an an ee Bam gerannt, an huet sech e puer mol iwwerschloen. D’Fra gouf nëmme liicht blesséiert a koum selwer aus hirem Auto eraus. Op der Strooss huet si e Passant begéint, deen d’Noutdéngschter geruff huet.