Stad: Ënnerwee ouni Führerschäin a vill Alkohol am Blut
RTL - 12.08.2012, 12:48 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.08.2012, 12:56
An der Stad ass e Chauffeur e Sonndeg de Moie um 6 duerch eng Wiss gerannt a krut e Schëld ze paken. Hien hat ze vill gedronk a kee gültege Führerschäin.

Eng Awunnerin déi duerch de Kaméidi wakreg gouf, huet d’Police geruff.
D’Beamten hu festgestallt, dass de Chauffeur net nëmmen ze vill gedronk hat, mä och nach ouni gültege Führerschäin ënnerwee war. Hie gouf protokolléiert.
