Groussasaz fir d'Beetebuerger Pompjeeë wéinst Trakterbrand

RTL - 12.08.2012, 19:29 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.08.2012, 19:51

Trakterbrand zu Fënneng: Alerte Générale e Sonndeg de Mëtten kuerz viru 16.00 Auer am Asazzenter Beetebuerg.

© Pompjeeë Beetebuerg
Op engem Bauerenhaff war do en Trakter a Brand geroden. D'Feier huet gedreet op d'Stréibäll am Unhänger iwwerzegräifen

D'Beetebuerger Pompjeeën hu séier reagéiert a konnten d'Feier séier läschen a verhënneren datt d'Feier sech verbreet. De Materialschued um Trakter ass trotzdem ganz héich. Et gouf kee verletzt.

Am Asaz war den Asazzenter Beetebuerg mat 13 Männer an den HTLF 1, HTLF 2, STLF 5000 a GW.