Grënnung vun der "TELEVIE Luxembourg asbl"
RTL - 20.08.2012, 10:34 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.08.2012, 15:16 | 4 Commentaire(n)
Fir d'Cause vum Télévie besser ze promovéieren an z'erhalen, souwéi d'Gestioun vun de Fongen ze sécheren, gouf elo d'asbl Télévie Luxembourg gegrënnt.

24 Joer scho stellen sech d'Veräiner an déi dausende Benevoler an den Déngscht vum Télévie an och domat der grousser Cause, déi derzou déngt d'Fuerschung géint de Kriibs an am speziellen d'Leukämie bei de Kanner weider ze féieren an natierlech och ze finanzéieren.
Den Télévie huet domat duerch eben just déi onzieleg Aktioune vun de Veräiner an natierlech och Privat- a Geschäftsleit konnten déi lescht 2 Joerzéngten eng 125 Milliounen EURO recoltéiert ginn.
D'Cause gehéiert domat de Benevolen, Donateuren, Partner an de Chercheuren...fir d'Aktioun vum Télévie ze promovéieren an d'Iddie ronderëm d'Recherche ze pereniséieren gouf eng ASBL gegrënnt, woubäi de Verwaltungsrot bis ewell aus 9 Leit besteet.
D'Grënnungsmembere vun der Asbl Télévie Lëtzebuerg an och Membere vum 1. Verwaltungsrot sinn:
• Alain Berwick, CEO RTL Lëtzebuerg
• Jean-Philippe Boever, Conseiller a Medien a Kommunikatioun
• Gordon Braun, Staatsbeamten
• Isabelle Medinger, Directrice vun der Sécurité Routière
• Marie-Thérèse Noé, Gemengesekretärin
• Désirée Nosbusch, Actrice-, Produzentin
• Rose Schaeffer, Presidentin vun der Fondatioun Kiwanis
• Jean-Louis Schiltz, Affekot
• Edy Schmit, Diplômé HEC (Paris)
Fir de wëssenschaftleche Partenariat ofzeséchere gëtt am Hierscht eng Conventioun tëscht der ASBL an dem belschen Fonds de Recherche Scientifique ënnerschriwwen.

Äre Commentaire