Air Rescue: 20.000 € de Mount fir Heliport um CHdN
RTL - 20.08.2012, 18:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.08.2012, 13:31
René Closter: En Heliport um Daach vum CHdN an en Hangar um Buedem géinge Käschte vun 20.000 € de Mount mat sech bréngen déi d'Air Rescue net kann droen.

D'Rumeuren
Rumeure soll een net ëmmer direkt gleewen an awer suerge se dacks fir Opreegung. D'lescht Woch huet et jo geheescht, datt de Rettungshelikopter méiglecherweis net zu Ettelbréck bleift, well et Problemer mat enger EU-Direktiv ginn, déi den 8. September a Kraaft trëtt.
RTL huet e Méindeg beim Generaldirekter vum Ettelbrécker Spidol nogefrot, wat et mat deene Rumeuren op sech huet. De Professer Hans Joachim Schubert huet direkt ënnerstrach , datt den Helikopter och an Zukunft zu Ettelbréck landen a fortfléie kann. Den Ament ass en awer och do stationéiert, an engem Hangar nieft der Klinik an dat geet an zwee Joer net méi.
Onofhängeg dovunner denkt de Centre hospitalier du Nord den Ament driwwer no, den Helikopter an Zukunft um Daach vum Spidol landen ze loossen, fir de Service ze verbesseren. Et ass also d'Stationéierung vum Helikopter, déi a Gefor ass. En Hangar um Daach. Dat kënnt fir den Generaldirekter Hans Joachim Schubert awer net a Fro an dat huet an éischter Linn mol näischt mat de Käschten ze dinn. Do gëtt et en anere Grond. Et wier einfach ze vill geféierlech, fir Tankanlagen op den Daach vun engem Spidol ze setzen.
De Generaldirekter vum Centre hospitalier du Nord ënnersträicht och, datt Ettelbréck natierlech och an Zukunft wëll vum Helikopter ugeflu ginn.
Um Kierchbierg, respektiv am CHL lant den Helikopter iwwregens och um Daach an duerno flitt en zeréck op de Findel.Explikatioune vum Air Rescue-President René Closter
Wéinst der EU Directive muss sech den Aflugwenkel vum Rettungshelikopter zu Ettelbréck jo änneren an d'Spidol denkt souwisou driwwer no en Heliport op den Dag vun der Klinik bauen ze loossen, fir de Service fir de Patient ze verbesseren.
Den Helikopter ass awer nieft dem Spidol an engem Hangar stationéiert a wann en engesdaags um Dag vun der Klinik soll landen, géif dat fir d'Air Rescue Käschte mat sech bréngen déi si selwer net well -respektiv net kann- droen.
Si huet ausgerechent datt dat 240.000 Euro d'Joer, also 20.000 Euro de Mount géif kaschte just fir den Helikopter moies op den Dag erop an owes erëm erofzefléien.
Eng Zomm déi den éischten Ament héich schéngt, mä de René Closter erkläert wéi d'Air Rescue op dee Chiffer kënnt. Déi Käschte komme vun de "Cyclen" déi an der Aviatioun gemooss ginn. All Kéiers wann eng Maschinn start oder ausgeet lafen d'Cyclen. Dat anert sinn et d'Kerosen-Präisser déi an der Tëscht bis an d'Onendlech an d'Luucht gaange sinn, an dat kann d'Air Rescue net bezuelen, ënnersträicht de René Closter.
"Mir kënnen net à l'infini e staatlechen Service op de Käschte vun de Membersbäiträg ausleeën."
Wien elo genee déi 240.000 Euro soll iwwerhuelen, weess de René Closter och nach net sou richteg.
"Et kéint d'Krankekeess oder d'Santé sinn, mä d'Air Rescue kann déi Käschte sécher net droen an och net dofir erëm heesche goen."
De President vun der Air Rescue betount datt dat hien keen Aarmdrécke mam Ettelbrécker Spidol wëll maachen, oder mat soss engem an datt d'Gespréicher an deem Dossier bis elo konstruktiv waren.

