Golfpark Tawern: Aus fir de Projet vum Investisseur Feidt

RTL - 21.08.2012, 09:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.08.2012, 10:02

De laangjärege Projet vun engem Golfpark zu Tawern (D) soll net méi weidergefouert ginn. D'Gemeng an de Promoteur Antoine Feidt wiere sech net méi eens.

© Google Maps

Eng Dose Joere schonn geet Rieds iwwer gréisser Bauprojete ronderëm nei Wunnquartieren an eng Golf-Anlag um Terrain vun der Gemeng Tawern, hei vir an Däitschland.

Dës Projeten hannert deenen de Lëtzebuerger Investisseur Antoine Feidt stoung, schéngen awer elo virum definitiven Aus ze stoen.

Wéi den „Trierischer Volksfreund“ schreift, wiere sech d'Gemeng Tawern an de Promoteur net méi eens, wéi de Projet soll weidergefouert ginn.

Well déi lescht 8 Joer awer schonn eng 8 Milliounen EURO investéiert gi wieren, préift d'Firma vum Antoine Feidt elo, wéi ee via Geriicht dës Sue ka vun de Gemengen Tawern an Temmels zréckfuerderen.

Zu Ufank goung Rieds vun engem globalen Invest vun 180 Milliounen EURO, fir de Bau vun engem Golfpark mat Hotel a Vakanzen-Wunnengen.

Um Enn goufen et nach Pläng fir eenzeg um Site vun der Gemeng Tawern e Golf mat 9 Lächer an eng 250 Wunnengen ze bauen.

Zäitdrock an de Manktem u Vertraue schéngen déi eenzel interesséiert Säiten auserneen dividéiert ze hunn.