Mat 207 km/h iwwert d'A4 - Führerschäin fort
RTL - 21.08.2012, 11:16 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.08.2012, 11:25
E Méindegowend war en Automobilist extrem presséiert op der A4 ënnerwee. Op der Héicht vu Steebrécken gouf de Chauffer mat 207 km/h gemooss.

An der Stad um Bvd Grand-Duchesse Charlotte gouf eng Fra ugehalen, déi ze déif an d'Glas gekuckt hat. En Zeien hat gemellt, dass si vu Stroossen aus am alkoholiséierten Zoustand fortgefuer ass. Och hei war de Führerschäin fort.
Zu Dippech an der rte de Luxembourg dann gouf e Chauffer gestoppt deen ze séier ënnerwee war. Beim Alkoholtest huet sech dunn och nach rausgestallt, dass de gudde Mann zevill gedronk hat. De Führerschäin gouf agezunn. De Mann war réischt am Mee an en Accident verwéckelt, wou och Alkohol mat am Spill war. De Parquet huet den Auto beschlagnahme gelooss.

