Schëndels: Schwéier Blesséierte bei Autosaccident
RTL - 22.08.2012, 12:23 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.08.2012, 12:34
Méi uerg war den Accident e Mëttwoch um 6.30 Auer an der Entrée vu Schëndels. Ee Chauffer, dee vu Keespelt koum, war mat sengem Won an de Gruef geroden.

Duerno ass hien an e Bam geknuppt. Dee schwéier blesséierte Chauffer gouf vun engem aneren Automobilist aus sengem Auto erausgeholl an du vun de Secouristen vu Lëntgen soignéiert.

