Dossier Stater Tram: D'Chamber ass elo gefuerdert
RTL - 28.08.2012, 07:44 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.08.2012, 08:03 | 40 Commentaire(n)
D'Chamber muss d'Finanzéierungsgesetz stëmmen, fir dass de Chantier 2014 wéi geplangt kann ugoen. Fir d'Rentrée 2017 soll den Tram da rullen.

De Projet vum Tram an der Stad ass zwar nach et op de Schinnen, mä bei alle gréissere Schantercher an der Stad gëtt uecht gedoen, datt och un den Tracé vum Tram geduecht gëtt.
Bis 2020 sollen e Véierel vun allen dagdeeglechen Déplacementer mam ëffentlechen Transport geschéien, an dozou soll, wann alles riicht räisst an der Stad den Tram gehéieren.
Wat sinn déi nächst Etappen?
No den techneschen Etuden, déi amgaangen sinn, muss d'Chamber dee finanziellen Volet ofseenen... an dee soll sech jo op eng 350 Mio EURO chiffréieren, wann et dann domat soll duergoen. Een Drëttel iwwerhëlt d'Stater Gemeng, de Rescht de Staat.
Zil ass et d'sougenannt monozentrescht Ufueren vun Arrêten duerch Bussen an der Stad via d'Gare oder den Hamilius mat der Saturatioun, déi domat verbonnen ass, ze léisen an duerch d'Offer vum Tram an net nei Bus-Linnen z'ergänzen. D'Bussen sollen de Stadzentrum evitéieren, woubäi nei Bus-Wiessel-Statiounen z.B. zu Bartreng um Tossebierg, zu Mutfert oder och um Quatre-Wang sollen bäi kommen.
Fir den Stater 1. Schäffen François Bausch ass elo d'Chamber am Dossier Tram gefuerdert.
François Bausch: Wat elo feelt ass natierlech d'Finanzéierungsgesetz an der Chamber. De Minister wäert dee Projet lo wann déi Ëmweltimpaktstudio ofgeschloss ass Enn Oktober finaliséieren an dann Enn des Joers oder am Januar d'nächst Joer gëtt en deposéiert. De wichtegste Moment ass dann, dass d'Chamber dat Finanzéierungsgesetz stëmmt, an dat soll bis de Summer 2013 de Fall sinn. Wann déi Decisioun bis geholl ass, da geet et lass, da geet et an d'Ausschreiwungen an da kann 2014 wéi virgesinn de Chantier ugoen.D'Pro-Tram-Sympathisanten beleeën de Succès vum Tram mat Zuelen: esou huet en duebelen Trams-Waggon eng Capacitéit vun 450 Persounen – d'Equivalenz zu 340 Privatautoen oder och 4 Zieharmonika-Bussen. Net nëmmen an der Neier Avenue soll et da manner stauen: do wou an der Moyenne an all Richtung all 27 Sekonnen ee Bus fiert.
Den Ament a bis am Hierscht ass d'Etude iwwert d'Ëmweltinzidenzen amgaangen. Festgehalen ginn doranner Kompensatiounsmesuren, grad wéi eng Etude iwwert den Impakt op d'Stéck Gréngewald tëscht der Tréirer Autobunn an dem ale Findel, wou hei uewen um Kierchbierg d'Maintenanceshalen fir den Tram op 6 Hektar wäerte gebaut ginn.
D'Kafe vun den Tramwaggonen ass eng Saach, d'Exploitatiounskäschten duerno eng aner.
François Bausch: Déi gi geschat op ongeféier 20 Milliounen, datt do 1/3 d'Gemeng iwwerhëlt an 2/3 och de Staat. Woubäi een natierlech do muss soen, datt bei där Schätzung nach d'Recetten jo mussen ofgerechent ginn, sou dass een net op 20 Millioune wäert rauskommen.... D'Recetten déi rakommen maachen 1/3 aus vun de Käschten, sou datt een déi kann ofzielen. Da weess een ongeféier wat dat d'Gemeng an de Staat wäert kaschten.
2005 am Juni gouf en éischten Aarbechtsgrupp gegrënnt fir sech Gedanken iwwert d'Extensioun vum Schinne-Reseau an der Stad Gedanken ze maachen. Eng Dose Joer drop, also fir d'Rentrée 2017, soll den Tram da rullen. Fir Lëtzebuerger Delaien mat do dem Beispill vun der Nordstrooss, wier dat scho bal rekordverdächteg séier.

Äre Commentaire