Educatiounsministesch: Et bleift beim Punktesystem am Lycée

RTL - 11.09.2012, 06:09 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.09.2012, 06:39 | 37 Commentaire(n)

"Bei de Schoulinfrastrukture lafe mer de Besoinen ëmmer hannendrun, och wann e puer Lycéeë bäikomm sinn"

Dat seet d’Educatiounsministesch an engem Interview mam Journal. Fir en Tëschebilan vun der Reform an der Grondschoul wär et nach ze fréi, erkläert d’Mady Delvaux-Stehres. Dee soll bis d’Enn vum Joer virleien.

D’Ministesch ass formell, dass et am Lycée beim Punktesystem bleift, bei den Trimesteren a bei de Schoulvakanzen, si ass net iwwerzeegt vun enger École bilingue a betount, dass, wat de Secondaire ugeet, an den nächste Méint ganz vill wäert diskutéiert ginn, de Wäerteunterricht de Moment keen Thema a si net amtsmidd ass.

D’Stëmmung an der Regierung bezeechent d’Mady Delvaux-Stehres iwwerdeems als gutt,

ma si waart nach op d’Positioun vun der CSV zur Reform am Secondaire.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!