Politesch Rentrée och bei der Piratepartei

RTL - 13.09.2012, 12:33 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.09.2012, 06:59 | 10 Commentaire(n)

Sou lues a lues kënnegt sech d'Rentrée un, och bei an der Politik, wou d'Piraten en Donneschdeg op hir politesch Rentrées-Pressekonferenz invitéiert hunn.

© RTL
Virun 3 Joer hunn d'Pirate sech gegrënnt. Si hunn aktuell 285 Memberen an hunn an de leschte Méint 2 vu 4 Bezierks-Organisatioune gegrënnt; nächste Samschde kënnt den Zentrum un d'Rei, d'nächst Joer den Osten.

De Grondsazprogramm vun de Piraten huet 6 grouss Themekomplexer mat 15 verschiddene Beräicher: d'Bildung soll méi flexibel an demokratesch ginn. D'Partei setzt sech fir eng progressiv Gesellschaftspolitik an, ouni Friembestëmmung, a verlaangt ënnert anerem méi Rechter a besser Konditioune fir Migranten.

D'nächst Joer ginn d'Wahlen 2014 preparéiert. D'Piraten (oder „déi Mauve“ wéi een se op Grond vum Choix vun der Faarf fir hir Partei-Identitéit och kéint nennen) wëllen an alle Bezierker kandidéieren. 2% wëllen se kréien, wann et der méi ginn, tant mieux, „mir huelen och een, zwee Sëtz mat“, sot de President vun der Piratepartei, de Sven Clement.


Politesch Rentrée och bei der Piratepartei (13.09.2012)
En Extrait vun der Pressekonferenz

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!