Feeler am Gesetz: Musse mir keng Parkstrofe méi bezuelen?

RTL - 22.09.2008, 19:53 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.09.2008, 19:43

D'Chamber huet sech e Kuckucks-Ee an d'Nascht geluecht! Si huet e Gesetz gestëmmt, dat verhënnert datt an Zukunft Parkprotokoller kënnen agedriwwe ginn ...

Stellt Iech mol vir, Dir hutt falsch geparkt an Dir kritt ee Parkprotokoll. De Polizist, respektiv de Beamten (Péchert) schreift op, géint wéi eng Regel vum Code de la Route Dir verstouss hutt - an hien schreift natierlech och Är Plaque vum Auto op.

Mat där Nummer konnt hien (bis elo) an ee speziellen Autos-Fichier kucke goen an esou och Äre Numm erausfannen. Am Fall wou Dir net direkt bezuelt hutt, krut Dir een éischten a leschte Rappel heem geschéckt. Alles dat ass awer elo - wéinst engem "fuschneie" Gesetz net méi méiglech. Dat Gesetz ass kuerz virun der Summervakanz mat 59 Jo-Stëmmen an der Chamber gestëmmt an den 1. September am Mémorial publizéiert ginn ...

Keen Zougang méi?

Beim viséierte Gesetz geet et em den Accès, dee Mataarbechter vum Parquet an der Police zu enger ganzer Partie Fichieren mat perséinlechen Donnéeën kréien. Am Gesetz ass genee opgezielt, a wéi eng Fichieren a Register d'Leit vum Parquet an der Police dierfe kucke goen, fir eng Infraktioun opzeklären.

De Parquet an déi sougenannt Officiers de Police judiciaire hunn ënnert anerem Accès op ee grousse Persounenregëster, op de Fichier vun den Asyldemandeuren, dee vun den Handelsermächteguengen an och zu deem vun de Führerschäiner an deem vun den Autoen an hire Propriétairen. Souwait esou gutt!

An engem Passage vum Gesetz heescht et dann awer kuerz drop, dass Parquet a Police nëmmen Accès zu dëse Fichieren kréien, wa si enger Infraktioun noginn, op där eng Correctionnel- oder eng Criminelle-Strof steet, där hire Maximum bei 2 Joer Prisong oder méi héich läit. Ënnert anerem fir ee Parkprotokoll ass dat net de Fall. Esou ee Parkprotokoll ass nämlech eng Kontraventioun - op däitsch ee Bussgeld - vu Prisong ka keng riets sinn.

Wéi geet et weider?

A wann ee sech un d'Gesetz hält, brengt dat mat sech, dass d'Police an déi an déi aaner Agenten um Terrain fläisseg Protokolle schreiwe kënnen - dono dierfe si dann awer net an de Regëster vun den Autosplacke kucke goen, fir Ären Numm an Adress erauszefannen. Deemno dierft - dem Gesetz no - kee Parkprotokoll méi un d'Leit adresséiert ginn, deen nom 1. September geschriwwe gouf. Dat ass deen Dag, op deem d'Gesetz am Mémorial publizéiert gouf an deemno rechtskräfteg ginn ass.

Et bleift ofzewaarden, wéi séier d'Politik dësen zolitte Faux-Pas nees riicht gebéit kritt! Ganz dovun ofgesinn, sinn Parquet a Police och nach an enger Partie aneren Dossieren elo d'Hänn gebonnen ...