Frontalkollisioun zu Diddeleng: Héije Schued, kee blesséiert

RTL - 16.09.2012, 07:33 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.09.2012, 07:59

An der Route de Kayl krute sech um Samschdegowend géint 18.35 Auer zwee Ween ze paken. Déi 2 Chauffere bloufen onverletzt, hir Autoen net ...

© Centre d'intervention Dudelange

Duerch de Choc vum Zesummestouss sinn a béide Ween d'Airbage lass gaangen. D'Leit um Steier, déi allebéid eleng ënnerwee waren, goufe wéi gesot net verletzt.

De Schued un hire Ween, engem Audi Cabrio an engem VW Phaeton, ass awer grouss, wéi d'Unitéit vun den Diddelenger Pompjeeën a vum Diddelenger Sauvetage, déi op d'Plaz geruff gi war, matdeelt.

Géint 19.45 Auer gouf d'Strooss nees fir den Trafic fräi ginn, virdru war si gebotzt ginn - et louchen Autosdeeler a Splitter an hir an och Ueleg a Killflëssegkeet waren ausgelaf.

© Centre d'intervention Dudelange


3 Blesséierter bei 2 Accidenter

Bei engem weideren Accident um Samschdegowend géint 20.15 Auer zu Nidderkuer gouf eng Persoun blesséiert. Ambulanz, Sauvetage a Pompjeeë vun Déifferdeng waren am Asaz.

An an der Nuecht op e Sonndeg si géint 0.30 Auer 2 Persoune blesséiert ginn, wéi et zu Stengefort genuppt huet. Hei waren déi Stengeforter Ambulanz an dee Stengeforter Sauvetage sur place.

Dat mellt den 112 um Sonndegmoien, weider Detailer feelen nach.