Internat Sainte-Marie um Lampertsbierg: Spuere vun Asbest

RTL - 21.09.2012, 18:49 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.09.2012, 08:58

D’ASBL Jacques Brocquart huet zesumme mam Familjeministère decidéiert, d’Gebai zouzemaachen.

© RTL-Archivbild

Déi 29 Jugendlecher gi vun e Méindeg un an d’Jugendherberg vu Buerglënster.

Dat soll awer nëmmen eng provisoresch Léisung sinn, well d’Kanner mussen all Dag mat enger Navette vu Buerglënster an hir Klassesäll op de Lampertsbierg gefouert ginn.

D'Familljeministesch Marie-Josée Jacobs sot am Interview, dass dëse Schrëtt mat vill Opwand verbonne wor, besonnesch wou d'Schoul schonn zanter enger Woch amgaangen ass. Wéi et lo mam Gebai um Lampertsbierg viru geet, ass nach net gewosst, sou d'Familljeministesch. Et handelt sech ëm ee relativ aalt Haus, wou nach aner Aarbechte misste gemaach ginn, sou dass lo muss gekuckt ginn, ob iwwerhaapt nach op der Plaz selwer Suen investéiert ginn oder ob ee sech no eppes aneschters ëmkuckt, sou nach d'Marie-Josée Jacobs.

Ob d'Kanner zu iergendengem Moment dem Asbest ausgesat woren, kann een zu dësem Zäitpunkt net soen.


Dat offiziellt Schreiwes "Fermeture de l’Internat Sainte-Marie"


Suite à un constat de présence de traces d’amiante dans les locaux techniques de l’Internat Sainte-Marie au Limpertsberg, les Internats Jacques Broquart ASBL et le ministère de la Famille et de l’Intégration ont décidé de fermer immédiatement le bâtiment. Une solution provisoire a pu être trouvée à l’auberge de jeunesse de Bourglinster, qui accueillera les 29 enfants à partir du lundi 24 septembre 2012. Les enfants continueront leur scolarité dans leurs classes du Limpertsberg et une navette assurera le transfert vers l’auberge de jeunesse.