RTL Télé Lëtzebuerg wiesselt op een neie Satellit
RTL - 28.07.2009, 12:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.11.2010, 10:44
RTL Télé Lëtzebuerg wiesselt vum 1. August un op een neien Astra-Satellit: dat heescht ëmrüsten! 5 Méint hutt Dir dofir Zäit, bis den 31. Dezember 2009.

Et gëtt ee wichtegt Changement fir déi iwwer 22.000 Stéit, déi RTL Télé Lëtzebuerg iwwer Satellit empfänken. RTL sent vum nächste Joer un net méi iwwert 19,2, mee iwwer 23,5 Grad Ost, also iwwert een neien Astra-Satellit.
Konkret heescht dat, dass jiddereen, deen eis Télé net iwwer Kabel oder d'Post kritt, de Kapp vu senger Satellite-Schossel wiessele muss.
Offiziell ass RTL vum 1. August un an nach bis den 31. Dezember 2009 op der aler an op der neier Positioun ze kréien, dono ass dann awer Schluss mat der Parallel-Diffusioun. No der Iwwergangszäit ass eis Télé dann nach just iwwert d'Positioun 23,5 Grad Ost ze empfänken. Bin Enn Dezember ginn d'Spectateuren um ale Satellit regelméisseg op d'Migratioun vum Programm opmierksam gemaach. 5 Méint Zäit huet een also, fir sech ze reéquipéieren.
Deen neie Satellit, den 23,5 Grad Ost, huet eng Partie Virdeeler erklärt den RTL-Direkter Alain Berwick. "Duerch d'Migratioun kritt RTL méi eng héich Bandbreet, wat wichteg ass, wa vun 2011 un an HD-Qualitéit gesent gëtt. RTL kann um neie Satellit ronderëm d'Auer senden, wat virun allem bei Events wéi dem Tour de France vu Virdeel ass. An an Zukunft kënne nach méi Leit RTL empfänken, well d'Zone de couverture méi grouss gëtt."
|
Wat heescht dat elo konkret fir den Téléspectateur vun RTL?
Dee muss seng Satelliten-Installatioun doheem bis Enn Dezember liicht ëmrüsten. Et brauch een dofir just een neien, duebele Kapp op der Satelliteschossel.
Den eenzelne Kapp, dee sougenannte Single LNB, muss duerch een duebelen ersat ginn (Duo LNB). Dat ass ganz einfach an RTL a seng Partner SES an de Cactus ënnerstëtzen dee Changement finanziell.

Den neie Kapp kritt een exklusiv an de Cactus-Hobbyen a just mat der Cactus-Kaart fir ronn 15 Euro fir zwee Receiveren ("Twin") respektiv ronn 40 Euro, wann ee 4 Téléën uschléisst ("Quad"). Ouni "Subventioun" wier de Präis méi wéi duebel esou héich. D'Vendeuren an de Cactus-Hobbyen hu vun den SES-Leit och eng extra Formatioun kritt, fir d'Cliente kënnen ze beroden. (Am Moment si just Käpp fir 60cm-Schosselen ze kréien, vum 15. August un dierften dann och déi fir 80cm-Schosselen am Cactus disponibel sinn.)
Wie sech eng ganz nei Satellite-Schossel zouleeë wëll, dee sollt drop oppassen, datt en Duo LNB drop ass. Et sinn awer och Kite geplangt, mat direkt deem richtegen LNB-Kapp op der Schossel.
|
Am Prinzip kritt een deen neie Kapp selwer installéiert a wann net, kritt een och nach e Bong vun 10 Euro, fir déi Aarbechte vu Spezialiste maachen ze loossen. Eng Rëtsch Firme sinn dofir agreéiert. De Bong an d'Lëscht vun deenen Installateuren ginn et op http://sat.rtl.lu.
Mat deem neie Kapp kënnt Dir RTL Télé och elo 24 Stonnen op 24 iwwer Satellit empfänken (bis elo just vun 18 bis 1 Auer), genee wéi och - an dat ass nei - de Programm vun RTL Radio. An den Uelzechtkanal an Nordliicht TV kritt Dir dann och iwwert deen neien Astra-Stallit, am RTL-Programm kréie si de Weekend iwwer extra "plages horaires".
Och de Programm vu Chamber TV wiesselt iwwrigens vun der Positioun 19,2 op 23,5 Grad Ost.
Op deem neie Satellit ginn et nieft RTL Télé Lëtzebuerg och nach ronn 30 aner Programmen.

All weider Informatiounen iwwert dëse wichtege Changement, duerch deen d'Qualitéit besser gëtt, fannt Dir op http://sat.rtl.lu.
Dir kënnt Iech awer och op der Hotline informéieren: Tel. 42 1 42-7373.
Nieft dem Satelliten-Empfank kann een RTL Télé och nach iwwert de Kabel, iwwert d'Télé vun der Post an terrestresch (mat enger Antenn an engem Decoder) kréien. Net ze vergiessen den Internet: Op RTL.LU, Rubrik Télé, gëtt de Fernsehprogramm live gestreamt.
| VIDEO: De Reportage op RTL Télé Lëtzebuerg |
