Aleba: Terrorregime bei der islännescher Landsbanki?

RTL - 17.12.2008, 16:25 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.12.2008, 22:56 | 1 Commentaire(n)

Ass déi islännësch Landsbanki zu Lëtzebuerg elo faillite oder a Liquidation judiciare? A leeft do alles riicht? Déi Froe beschäftegen den Ament d’Aleba.

© RTL / Fränk Kuffer

Et gëtt keng Scheedung am Gudden tëscht der Landsbanki Lëtzebuerg an dem Personal vun där islännescher Bank, déi jo d'Affer vun der Finanzkris ginn ass.

Sécher ass jo, dass déi Bank net méi ka gerett ginn an opgeléist gëtt, mee den aktuelle Statut interesséiert d'Banke-Gewerkschaft awer wéinst dem Personal, wat bis zum Schluss do geschafft huet.

Dass déi ronn 140 Leit, déi do geschafft hunn, hir Plaz verléieren, ass net ze verhënneren, "wéi" dat geschitt, doriwwer sinn d'Employéen awer guer net frou.

De leschte Freideg krute si gesot, d'Bank géif liquidéiert an et géif ee Sozialplang ausgeschafft ginn, scho Samschdesmoies war dat net méi richteg, dunn huet de Liquidateur op eemol vu Faillite geschwat an an deem Fall gëtt et kee Sozialplang. Aus enger Liquidatioun MAT Sozialplang ass also souzesoen iwwer Nuecht eng Faillite OUNI Sozialplang ginn.

Foto: RTL / Fränk Kuffer


D'Aleba an hir Affekote sinn awer anerer Meenung a bekloe sech och, dass eng 30 Employéën während der Liquidatioun nach een neie Kontrakt bei der Landsbanki, ouni hir Anciennetéit an aner Avantagen, ugebuede kruten. Dat wieren illegal Kontrakter!

D'Gewerkschaft reegt sech am RTL-Interview staark iwwert déi aktuell Zoustänn bei der Bank op. D'Personal hätt hir vun engem Terrorregime vun der Fiduciaire an den Affekoten, déi d'Liquidatioun sollte maachen, geschwat.

Déi lescht Deeg vun der Landsbanki Lëtzebuerg sinn deemno eng Saach fir d'Juristen.

Eng 50 Leit vum fréiere Personal hunn de Mëttwochmëtteg virun der islännescher Bank zu Bouneweg démonstréiert.Foto: RTL / Fränk Kuffer


Landsbanki, Glitnir, Kaupthing

Den Donneschdeg an der Mëttesstonn ass eng weider Reunioun vum Personal vun der Landsbanki Lëtzebuerg.

Den Ament fille sech d'Leit op alle Fall benodeelegt par Rapport zu den aneren 2 islännesche Banken: D'Glitnir ass jo iwwerholl ginn a d'Kaupthing kinnt nach in extremis gerett ginn, eng Decisioun ass hei drop an drun ...

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!