Penetrante Schwiefelgeroch zu Lëtzebuerg: Wou koum en hir?
RTL - 17.12.2008, 18:13 - Fir d'lescht aktualiséiert: 17.12.2008, 20:11
Jidderee richt en, mee kee weess, vu wou e kënnt. E penetrante Schwiefelgeroch huet sech um Mëttwochnomëtteg zu Lëtzebuerg ausgebreet. Lass goung et géint 15.30 am Südweste vum Land, vun do ass dee mysteriéise Geroch du weidergezunn Richtung Osten.
De Michel Feider, Chef vun der Administratioun vun den Hëllefsdingschter, huet RTL vis-à-vis gesot, datt d'Ursaach keen Tëschefall hei am Land wier. "De Geroch kënnt sécher net vun de Gaswierker an och soss krute mir keen Incident gemellt."
D'Hëllefsdingschter an Equipe vun de Gas-Distributeuren hunn am Laf vum Nomëtteg eng 30 Asäz gemaach, fir sécherzestellen, datt et sech wierklech net em eng Fuite handele géif. Néirens konnt awer e Gasaustrëtt constatéiert ginn, dat huet den 112 an engem Communiqué um 18.16 Auer matgedeelt. Et géng och kee Gesondheetsrisiko bestoen!
Vu Virton?
Och an der Belsch ass de Geroch präsent gewiescht. En éischte Verdacht ass direkt op d'Pabeierfabrek bei Virton gefall, mee do kruten d'Lëtzebuerger Autoritéite gesot, déi géifen net méi mat esou Substanze schaffen, esou datt de Groch net vun do komme kinnt ...
Sécher ass awer: Déi sténkeg Loft ass aus Richtung Belsch komm.
Et handelt sech dobäi em eng Schwiefelverbindung, déi déi mënschlech Nues schonn a ganz klenge Konzentratioune riche kann - dofir gëtt Schwiefel jo och bei de Gas beigemëscht, datt een eventuell Fuiten direkt bemierkt.
Net fir d'éischt!
Vill Leit hu sech am Nomëtteg beim 112 informéiert, vu wou dee Geroch dann elo hir kéim. Bis elo konnt d'Origine awer nach net localiséiert ginn.
Dat war iwwregens och scho viru ronn engem Mount de Fall, deemols hat et och gericht an och deemols konnt net geklärt ginn, wou de Gestank dann elo géif genee hirkommen.
A Frankräich an an Däitschland huet een awer quasi näischt geroch.
Zu Lëtzebuerg ass déi désagréabel Wollek vun zirka 15.30 Auer bis an den Owend eran vum Süden Richtung Oste gezunn an huet d'Loft verpescht.