D'Reprise vun der Fortis vu BNP Paribas kënnt méi spéit

RTL - 18.12.2008, 11:11 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.12.2008, 12:10 | 4 Commentaire(n)

D'BNP Paribas iwwerhëllt nach net haut a muer d'Fortis. Op hirer Internet-Säit schreift d'BNP Paribas, dass déi geplangte Reprise zäitlech verréckelt gëtt.

Déi Décisioun hätt een wéinst dem rézenten Uerteel vun der Cour d'appel zu Bréissel geholl. Duerch dat Urteel gëtt een Deel vun belsche Staat senger Participatioun un der Fortis fir 65 Deeg op Äis geluecht. Dat huet an der Belsch eng Regierungskrise ausgeléist.

D'BNP Paribas huet préziséiert, dass ënnert dëse Konditiounen d'Generalversammlung vu muer hifälleg ass.

D'Aktien vu BNP Paribas haten de Mëttwoch ee schwaarzen Dag op der Bourse zu Paräis mat engem Minus vun iwwer 17 Prozent.

Wéi eng Réperkussiounen déi Décisioun op Lëtzebuerg huet bleift ofzewaarden.

BGL

D'fréier Banque Générale, déi de Moment nach Fortis heescht, huet op alle Fall vun en nächste Méinden mol un nees hiren alen Numm BGL.

De Lëtzebuerger Stat hält zanter e Méindeg 49,9% vun de Parte vun där Bank, an dee belsche 50,1%, an et gouf och déi nei Zesummesetzung vum Verwaltungsrot guttgeheescht, deem säi President en Donneschdeg gesicht gëtt. An der Belsch huet de Stat iwwerdeems e Recours agereecht géint d'Décisioun vun e Freide vun der Bréisseler Cour d'appel, déi de klengen Aktionäre Recht ginn hat, déi geklot hate géint de Verkaf vu Fortis u BNP Paribas an un den hollännesche Stat.

An engem offizielle Communiqué de presse vun der Bank vum Méindegowend heescht et: "En devenant actionnaire de la banque, l'Etat luxembourgeois réaffirme son soutien et sa confiance en la banque qui continue à exercer ses activités sur une base solide et stable dans l'intérêt des clients."

De Carlo Thill sot weider, datt d'Nofro no Krediter den Ament ganz kleng ass - d'Leit an d'Promoteure waarden of, op d'Präisser, z.B. fir Terrainën an Haiser, net nach weider no ënne ginn.

En neie ganz bekannte Numm ...

Wéint de juristeschen Decisiounen an der Belsch ass d'Entrée vun der BNP Paribas bei der Fortis den Ament onsécher, quitte datt d'Fortis dat nach ëmmer wëll.

D'Fortis Lëtzebuerg huet de Méindeg versprach, datt sech fir hir Clienten, hir Employéën an hire Sponsoring näischt verännert.

Just de Numm, dee changéiert erëm, d'Fortis gëtt a genee enger Woch, den 22. Dezember, erëm d'BGL - en attendant, datt e starken Investisseur mat erakënnt - da misst erëm iwwer de Numm geschwat ginn.

Deen neien-alen Numm BGL gesäit d'Bank elo als "wichtege Schrëtt zu enger neier Identitéit".

Op der Generalversammlung huet sech déi al Fortis / déi nei BGL och en neie Verwaltungsrot ginn. Dëse Conseil d'administration, deen nach vun der CSSF agreéiert muss ginn, ass vum 15. Dezember un aktiv.



Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!