Staatsministère analyséiert Demande vum Comité d'initiative

RTL - 18.12.2008, 11:55 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.05.2009, 12:16

De Premier Jean-Claude Juncker huet den Donneschdeg de Bréif krut vum Comité d'Initiative ronderem de Jeannot Pesché.

Dem Staatsminister seng Servicer analyséieren elo déi Demande, an de Premier huet 3 Deeg Zäit, fir seng Äntwert ze ginn.

Dee Comité huet jo eng Volleksinitiative lancéiert, fir ee Referendum, an deem iwwer d'Verfassungsreform ofgestëmmt soll ginn.

De Staatsminister préift just déi gesetzlech Conditiounen vun der Demande, also ob déi formal a legal Conditiounen vun der Demande erfëllt sinn. Hie wollt de Moien nach näischt soen, wéi et weider geet, wann d'Demande recevabel ass an huet nach emol ënnerstrach, datt e Referendum iwwer d'Pouvoiren vum Grand-Duc an der Chamber gefrot gouf.

25.000 Stëmmen vun Wahlberechtegten sinn néideg, fir datt et zu engem Referendum kënnt.