Stad Lëtzebuerg: Aus dem Rendez-Vous gëtt de City Mag!
RTL - 02.09.2009, 15:59 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.09.2009, 20:48 | 1 Commentaire(n)
D'Stad Lëtzebuerg bréngt e fusch-neie Magazin eraus. Aus dem Rendez-Vous, ass méi eng lëfteg, liicht Zeitung ginn, de City Magazin.

Méi lëfteg, méi innovativ a méi handlech soll de Stater Magazin sinn a sou ee richtegt Sproochrouer vun der Gemeng fir d'Bierger ginn.
De Bréifdréier huet en Donneschden op alle Fall net souvill ze droen, well aus dem Héichglanzmagazin gëtt eng modern Publikatioun, déi an zwee Deeler opgedeelt, an op méi dënnem Pabeier gedréckt ass. An dat op Wonsch vun de Lieser, sou de Stater Buergermeeschter Paul Helminger.
D'Gemeng huet also der Kritik nogelauschtert an zesumme mat Mike Koedinger Editions, déi och de Rendez-Vous bis ewell rausginn hunn, de Magazin iwwerschafft.
D'Artikelen am City Mag sinn op Franséisch an op Englesch geschriwwen, respektiv och op Däitsch fir verschidden Theme sou soll déi ganz Populatioun aus der Stad unzespriechen. D'Zilsetzung bleift déi selwecht.
Den Tirage läit fir den Ament bei 35.000 Exemplairen.Am Magazin fënnt ee Portraiten vu bekannte Gesiichter, et gëtt all Mount een anere Stater Quartier presentéiert an et fënnt een déi gutt Adressen.
De Magazin bleift gratis an d'Abonnenten kréien déi nei Zeitung och en Donneschden direkt an hir Boîte.
Dernieft ass de Magazin och um Internet aktiv, iwwer d'Plattformen Twitter, Facebook oder och nach de Site vu City Mag.
Abonnéiere kann ee sech op citymag@vdl.lu

VIDEO: De Reportage vun RTL Télé Lëtzebuerg - Ryck Thill

Äre Commentaire