CSSF: D' Banke si vum Madoff-Skandal mat 160 Mio. € betraff
RTL - 22.12.2008, 17:44 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.12.2008, 08:25
D'Kontrollkommission vum Finanzsecteur mécht 1. Bilan wat d'Konsequenzen vum Madoff-Finanzskandal op Lëtzebuerg ugeet. Et geet ëm ronn 160 Milliounen Euro.

D'lëtzebuerger Fongen, déi sougenannt OPCen, si mat 1,9 Milliarden Euro concernéiert. Dat stellt awer just 0,15% vun den Avoire vun den OPCen duer.
D'CSSF préziséiert dass des Montanten net onbedéngt ganz verluer sinn. Et handelt sech ëm de Maximum, deen um Spill ass. D'Recherche vun der CSSF an dësem Dossier geet elo weider.

